Stengefort

swimming

#BeActive Dag 2026 zu Steinfort – kierperlech Aktivitéit fir jiddereen!

Zäit: 12.00 – 18.00 / Plaz: Sportzentrum Steinfort (7A, Rue de Hagen, 8421 Steinfort)

Um Samschdeg, den 26. September 2026, ass de Sportzenter Stengefort de Treffpunkt fir jiddereen, deen aktiv ginn, nei Sportarten ausprobéieren an e schéine Nomëtteg mat der Famill oder Frënn genéissen wëll.

 

Fir den #BeActive-Dag ze feieren, si jiddereen invitéiert, d'Freed un der kierperlecher Betätigung ze deelen. Egal wéi al Dir sidd, wéi Äre Fitnessniveau oder Är sportlech Erfarung ass, dëst Evenement ass fir jiddereen op, am Geescht vun der Frëndlechkeet, Entdeckung a Deele.

 

Am Laf vum Nomëtteg erwaart Iech am Sportzentrum Steinfort (7A, Rue de Hagen, 8421 Steinfort) eng grouss Palette u gratis Aktivitéiten, Demonstratiounen a Schnupperstonnen, organiséiert vun de lokalen Clubs a Partneren. Visiteuren hunn d'Geleeënheet, nei Sportarten auszeprobéieren, Trainer a Sportveräiner kennenzeléieren an d'Räichtum an d'Villfalt vun de sportleche Méiglechkeeten an de kierperleche Aktivitéiten, déi zu Steinfort ugebuede ginn, ze entdecken.

 

D'Gemeng Stengefort invitéiert dofir all Awunner – Familljen, Kanner, Jonker, Erwuessener a Seniorë – fir de ganzen Dag mat dobäi ze sinn. Kommt eng nei Aktivitéit probéieren, léisst Iech inspiréieren a entdeckt d'Freed un der Beweegung, well all Beweegung zielt.

Programm

Aqua-Bubble

Bei den Aqua-Bubbles kënnen d’Participanten sech an enger Bubble um Waasser beweegen. Dës Aktivitéit gëtt an der Piscine ugebueden.

 

Beach Tennis – Tennis Club Steinfort

Beach Tennis gëtt hei als einfach zougänglech Aktivitéit virgestallt. D’Visiteure kënnen dës Variant op eng praktesch Manéier entdecken.

 

Beach Volleyball – VC Steinfort

Op dëser Statioun kann een Beach Volleyball ausprobéieren. D’Visiteure kënnen eleng oder zesummen aktiv matmaachen.

 

Fussball – FC Stengefort

D’Fussball-Statioun bitt einfach Ballübungen a kleng Aktivitéiten un. Hei kann een Technik, Spill a Beweegung ausprobéieren.

 

Fussball-Darts

Beim Fussball-Darts probéieren d’Participanten, mat engem Ball eng grouss Dart-Scheif ze treffen. D’Aktivitéit kombinéiert Fussball mat engem spilleresche Challenge.

 

Game-Center

Am Game-Center ginn véier ënnerschiddlech kleng Wurf- a Schlagspiller ugebueden (ë.a. Baseball, Basketball, etc.). D’Visiteure kënnen hei op eng spilleresch Manéier matmaachen.

 

Këschte-Kloter-Tuerm

Beim Këschte-Kloter-Tuerm kënnen d’Participanten hir Geschécklechkeet an Héichtentauglichkeit testen. D’Aktivitéit gëtt an engem gesécherten Ëmfeld ugebueden.

 

Kloter-Fiels

Um Kloter-Fiels kënnen d’Visiteuren eng Klammeraktivitéit ausprobéieren. D’Statioun ass geséchert a gëtt begleet.

 

LASEP

D’LASEP bitt verschidden Ateliers un, fir een Abléck an hir Aktivitéiten vum Schouljoer ze kréien.

 

Mini-Golf

Beim Mini-Golf kënnen d’Participanten hir Prezisioun ausprobéieren. D’Aktivitéit ass roueg, einfach zougänglech an invitéiert zum Matmaachen.

 

Nordic Walking – Tünde Hertz

Bei dëser Aktivitéit ginn eng oder méi Nordic-Walking-Touren ugebueden. D’Touren starten zu festgeluechten Auerzäiten.

 

Orientéierungsparcours

Beim Orientéierungsparcours kënnen d’Visiteuren eng Streck duech d’Gemeng mat Hëllef vun engem Kompass entdecken.

 

Pétanque – Club de Pétanque A Rifat

Bei der Pétanque-Statioun kënnen d’Visiteuren dës Sportaart an engem oppenen a gesellege Kader ausprobéieren. D’Aktivitéit ass einfach zougänglech an invitéiert zum Matmaachen.

 

Power-Paddler

De Power-Paddler ass eng reng Aktivitéit fir Kanner. D’Statioun bitt eng originell Form vu Beweegung um Waasser a klenge Booter un. Dës Aktivitéit gëtt an der Piscine ugebueden.

 

Rollstullsport – Luxrollers

Bei dëser Statioun kënnen d’Visiteuren de Rollstullsport kenneléieren. Geplangt ass eng praktesch Aktivitéit, bei der Beweegung, Geschécklechkeet a Perspektivwiessel am Mëttelpunkt stinn.

 

Schach – Cercle d’Echecs Steinfort

Bei der Schach-Statioun kënnen d’Visiteure Schach spillen oder dës Aktivitéit kenneléieren. Si bitt eng méi roueg Alternativ am Programm.

 

Smoothie-Bike

Beim Smoothie-Bike kënnen d’Visiteuren duerch eege Muskelkraaft e Smoothie mixen. Dës Statioun verbënnt Beweegung mat enger gesonder Erfrëschung.

 

Sprangschlass

D’Sprangschlass bitt eng Plaz, fir sech fräi a spilleresch ze beweegen. Dës Aktivitéit suergt fir Spaass a Beweegung um Event.

 

Taekwondo – Taekwondo Club Stengefort

Bei dëser Statioun gëtt Taekwondo duerch kuerz Übungen oder Demonstratioune virgestallt. D’Visiteure kréien en éischten Abléck an dës Kampfsportaart.

 

Turnen – Athletico Steinfort

Beim Turnen kënnen d’Visiteuren eng sportlech Aktivitéit ronderëm Beweegung, Koordinatioun a Kierperkontroll ausprobéieren. D’Statioun gëtt als oppenen Atelier um Event ugebueden.

 

Vëlo-Parcours

De Vëlo-Parcours bitt eng Streck mat einfachen Elementer fir Vëloen. Um Ufank oder Enn ass e klenge Geschécklechkeetsparcours virgesinn.

Zousätzlech Infoe:

Autogrammstonn

Um Ufank vum Event ass eng Autogrammstonn mat bekannte Lëtzebuerger Liichtathletinnen geplangt. Dës Aktivitéit soll de Visiteuren d’Méiglechkeet ginn, mat hinnen a Kontakt ze kommen.

 

Croix-Rouge

D’Croix-Rouge ass um Event fir d’Éischt Hëllef present.

 

Iessen a Gedrénks

Fir Iessen a Gedrénks ass um Event gesuergt. De Catering-Beräich déngt och als Treffpunkt fir eng Paus an den Austausch a gëtt vum Athletico Steinfort an Futtball Club Steinfort ugebueden. Desweideren bitt de Fëscherclub Äischdall Stengefort Eisekuchen un.

 

Quiz a flotte Präisser

D’Visiteure kënnen un engem Quiz deelhuelen an dobäi flott Präisser gewannen. D’Quiz-Froen stinn am Zesummenhang mam Event. Flott Präisser ginn et och, wann een all Atelier probéiert.

 

Vëlosparking

Beim Vëlosparking kënnen d’Visiteuren hir Vëloe wärend dem Event ofstellen. Dëse Beräich ass fir Leit virgesinn, déi mam Vëlo op den Event kommen.

 

Schlechtwieder-Info

Sollt d’Wieder net matspillen, gëtt den Event ënnert de méigleche Konditiounen an engem ugepasste Kader trotzdem duerchgefouert.