2026 BeActive-Website-Banner (2)

Kommt den 26.09.2026 bis laanscht op de BeActive Day:

 

zu Iechternach vun 10 bis 17 Auer

zu Péiteng vun 16 bis 20:30 Auer

zu Stengefort vun 12 bis 18 Auer 

zu Wolz vun 12 bis 18 Auer

#BeActive Dag 2026: Beweegt Iech, entdeckt, deelt!

Dëst Joer hëlt den #BeActive Day zu Lëtzebuerg mat engem brandneie Format eng nei Form un. Fir d'éischte Kéier fënnt dëse Dag, deen Sport a kierperlech Aktivitéit feiert, gläichzäiteg an véier Gemengen statt: Péiteng, Wiltz, Stéinfort an Echternach.

 

Iwwert de ganzen Dag gëtt et op de véier Plaazen am Land e grousse Choix u sportleche Aktivitéiten, Schnupper-Sessiounen, Atelieren an Ënnerhalung gebueden, sou datt fir jiddereen eppes dobäi ass. D'Freed un der kierperlecher Betätigung steet dobäi am Mëttelpunkt. Egal ob Dir en erfuerene Sportenthusiaste, en Ufänger oder einfach nëmmen firwëtzech sidd, de #BeActive Day ass déi perfekt Geleeënheet, nei Sportarten ze entdecken, lokal Veräiner kennenzeléieren an agreabel Momenter mat der Famill oder Frënn ze deelen.

 

D'Zil ass einfach: jiddereen dozou ze ermutigen, sech ze beweegen, Saachen auszeprobéieren, Spaass ze hunn an e méi aktive Liewensstil kennenzeléieren. Duerch de Fokus op d'Diversitéit vun de sportleche Méiglechkeeten zu Lëtzebuerg wëll de #BeActive Day d'Leit vun all Alter dozou inspiréieren, Sport voller Spaass an hirem Alldag ze integréieren.

 

Kommt bei eis op Pétange, Wiltz, Steinfort oder Echternach fir zesummen di Europäesch Woch vum Sport zesummen ze feieren an e Dag voller Entdeckungen a Beweegung ze genéissen.